Back To Top
Triangle Black

CITYVIEW DATESCHUTZRIICHTLINN

Lescht Revisioun 2022.07.01

ALEEDUNG

D’Entreprisë vum Cityviews Grupp, zu deenen all Entitéite gehéieren, déi am Follgenden ënnert dem Abschnitt “De Grupp” spezifizéiert sinn, inklusiv d’Partner vum Grupp (zesumme “Cityviews” genannt), offréieren online Spill-Servicer, ewéi Spin Palace, Ruby Fortune, Mummys Gold, Cabaret Club, Jackpot City, Riverbelle, Lucky Nugget, Spin Casino, Gaming Club a Spinsports, iwwer Websiten, mobil Appen an aner Online-Plattformen (zesummen als ”Servicer” bezeechent).

D'Cityviews Group ass héchst engagéiert fir d'Privatsphärerwaardunge vun hire Benotzer ("Benotzer", "Dir" oder "Är") ze schützen. Dofir hu mir dës Dateschutzriichtlinn opgesat, déi eis Dateschutzpraktiken duerleet, abegraff wéi mir Är perséinlech Informatioune sammelen, benotzen, uginn a schützen, souwéi Är Rechter betreffend Är perséinlech Informatiounen.

An dëser Dateschutzriichtlinn gitt Dir méi gewuer iwwer:

  • DE GRUPP
  • WÉI ENG INFORMATIOUNE SAMMELE MIR?
  • MANNERJÄREGER
  • WÉI BENOTZE MIR DÉI GESAMMELT INFORMATIOUNEN?
  • MARKETING
  • MAT WIEM DEELE MIR D'INFORMATIOUNEN?
  • INTERNATIONALEN TRANSFERT VUN DEN INFORMATIOUNEN
  • DRËTT PARTEI TRACKINGSTECHNOLOGIEN
  • DRËTT PARTEI ZERWISSER
  • ZERÉCKHALE VU PERSÉINLECHEN INFORMATIONEN
  • ÄR RECHTER
  • WÉI MIR ÄR INFORMATIOUNE GESCHÜTZT HALEN
  • ÄNNERUNGEN ZU DER DATESCHUTZRIICHTLINN
  • WÉI DIR EIS KONTAKTÉIERE KËNNT

Mir ermutegen Iech d'Dateschutzriichtlinnk suergfälteg ze liesen an se ze benotze fir informéiert Entscheedungen ze huelen. Mam Besiche vun de Cityviews Group Websäiten, mobilen Apps oder aneren Online-Eegeschaften, oder mam Erstelle vun engem Kont iwwer eis Zerwisser, sidd Dir mat der Dateschutzriichtlinn averstanen.

Wann Dir Froen (oder Kommentaren) zu Ären Informatiounen oder zu dëser Dateschutzerklärung hutt, kënnt Dir dës un eisen Dateschutzbeoptraagte schécken op:
FORMULAIRE

DE GRUPP

Cityviews Group enthält déi folgend Firmen:

  • Fir kanadesch Spiller, Baytree Interactive Limited (69691), eng zu Guernsey agedroen Entreprise, mat der agedroener Adress, Ground Floor, Kingsway House, Havilland Street, St Peter Port, Guernsey, déi vun der Kahnawake Gaming Commission autoriséiert a lizenzéiert ass, ënnert der Lizenznummer 00873;
  • Fir Notzer aus aneren Deeler vun der Welt, Bayton Ltd (C41970) an Digimedia (C45651). 
    • Bayton ass eng zu Malta registréiert Firma mat Sëtz zu  9, Empire Stadium Street, GZIRA GZR 1300. Se ass vun der Malta Gaming Authority lizenséiert an authoriséiert. Lizensnummer: MGA/B2C/145/2007;
    • Digimedia ass eng zu Malta registréiert Firma mat Sëtz zu 9, Empire Stadium Street, GZIRA GZR 1300. Se ass vun der Malta Gaming Authority lizenséiert an authoriséiert. Lizensnummer: MGA/B2C/167/2008;
  • Dës sinn d'Besëtzer an d'Bedreiwer vum Casino- a Poker-Website a vun den Entreprisë vun hirem Grupp.

WÉI ENG INFORMATIOUNE SAMMELE MIR?

Mir sammelen zwou Zorte vun Informatioune vun eise Benotzer:

  • Perséinlech Informatiounen

    Déi éischt Zort vun Informatiounen sinn Daten, déi eng Persoun identifizéieren oder eenegermoossen identifizéiere mat vernünftbarer Ustrengung ("Perséinlech Informatiounen"). Perséinlech Informatiounen, déi gesammelt ginn, kënnen aus Folgendem bestoen:

    • Umeldungsdetailer: Wann Dir e Kont opmaacht an Iech umellt fir d'Zerwisser ze benotzen, gitt Dir gefrot fir eis gewëssen Detailer iwwer Iech selwer unzeginn, wéi: Vir- a Familljennumm, E-Mail-Adress, Geschlecht, Gebuertsdatum, Wunnadress, Identitéitskaartennummer, Telefonsnummer, Beruff, asw.
    • Staatlech-erdeelt ID: A gewëssen Instanze musst Dir eng Kopie vun staatlech-erdeelter ID fir d'Identitéitsiwwerpréiwung virleeën. Beuecht w.e.g. datt dës Informatioune fir gewësse Fonktiounen vun eisen Zerwisser erfuerderlech ass.
    • Bezuelinformatiounen: Fir datt Dir vun all de Funktioune vun den Zerwisser profitéiere kënnt (z. B. Wette placéieren, Akafen, Tournéier spillen, asw.), ginn d'Bezuelinformatioune vun Iech gesammelt, sou wéi Är Kreditkaartennummer an d'Bankverbindung.
    • Fräiwëlleg Informatiounen: Mir sammelen och Informatiounen, déi Dir eis fräiwëlleg gitt. Zum Beispill, wann Dir op Matdeelunge vun eis reagéiert, mat eis iwwer E-Mail kommunizéiert oder zousätzlech Informatiounen iwwer Iech selwer duerch Äert Benotze vun den Zerwisser deelt, souwéi zum Beispill am Chat an an de Spiller.
    • Apparatinformatiounen: Mir sammele spezifesch Zorte vu Verbindungsdetailler an Informatioune betreffend Ären Apparat, Software oder Hardware, déi Iech identifizéiere kann, wéi: eenzegaarteg Identifikatioune vum Apparat (zB. UDID, IMEI, MAC Adress), Browser-Fangerofdrock, IP Adress a Geo- Standuertdaten.
    • Telefonsuriff: Mir huelen Telefonsuriff fir eise Clientssupport op oder iwwerwaachen se, aus Trainings an/oder Sécherheetszwecker.
    • Sozial Netzwierker: Wann Dir Iech iwwer Äre sozialen Netzwierkskont (wéi Äre Facebook-Kont) umellt fir d'Zerwisser ze benotzen oder Äre Spillerkont mat sou engem Kont verbannt, dann hu mir Zougang zu de Basisinformatiounen aus Ärem sozialen Netzwierkskont, wéi Ären Numm, Gebuertsdatum, Profilbild an d'Frëndslëscht, sou wéi och Informatiounen, déi Dir ëffentlech op esou engem Kont gepost hutt.
    • Zousätzlech, wann Dir d'Zerwisser benotzt, kënnt Dir iwwert Äert soziaalt Netzwierk "E Frënd Invitéieren" fir d'Zerwisser ze benotzen. Sollt d'Persoun Är Invitatioun unhuelen, kënne mir perséinlech Informatioune vun him/hir wéi: Numm, E-Mail-Adress, Telefonsnummer a Gebuertsdatum kréien. Mir benotzen d'perséinlech Informatioune fir d'Zwecker, déi hei duergestallt ginn an deelen dës Informatiounen nëmme mat Drëtt Parteie souwéi detailléiert uginn an dëser Dateschutzriichtlinn.
    • Informatiounen, déi mir vun Drëtt Parteie sammelen: Mir sammele perséinlech Informatioune vun Drëtt Partei Zerwissubidder, wéi Informatiounen iwwer Är Kreditgeschicht vu Kreditagencen an aner Finanzinformatiounen, déi relevant si fir d'Zerwisser ze kréien, wéi och Informatiounen, déi gesammelt gi fir Är Identitéit ze kontrolléieren a Bedruch oder illegal Aktivitéit ze verhënneren

  • Net-Perséinlech Informatiounen

    Déi zweet Zort vun Informatioun sinn onidentifizéiert an netidentifizéierbar Informatiounen am Bezuch op e Benotzer, déi iwwer d'Notzung vum Benotzer vun den Zeriwsser ("Net-Perséinlech Informatiounen) verfügbar gemaach oder gesammelt ka ginn.

    Net-perséinlechen Informatiounen, déi gesammelt ginn, bestinn aus techneschen Informatiounen an der verbonnener Notzungsinformatioun, a kann, ënner anerem, de Betribssystem vum Benotzer, d'Aart vum Browser, d'Bildschiermopléisung, de Browser an Tastatursprooch, de Klickdatestroum an d'Aktivitéiten op den Zerwisser, d'Zäitdauer wéilaang de Benotzer d'Zerwisser besicht huet a betreffend Zäitstempelen, asw.

    Fir all Zweiwel ze vermeiden, all Net-perséinlech Informatiounen, déi mat perséinlechen Informatioune verbonne sinn oder matenee verknüpft sinn, ginn als perséinlech Informatioune behandelt soulaang wéi eng Verbindung oder Link existéiert.

    Zorte vun net-perséinlechen Informatiounen, déi mir vun Iech oder iwwert Iech sammelen:

    • Technesch Informatiounen: Fir d'Funktionalitéit vun den Zerwisser ze verbesseren an Iech eng besser Benotzererfarung ze bidden, sammele mir technesch Informatiounen, déi vun Ärem Apparat iwwerdroe ginn, wéi gewësse Software- an Hardwaredaten (z. B. de Browser- an de Betribssystem deen Ären Apparat benotzt, d'Sproochpreferenz, d'Zougangszäit an den Domainnumm vun der Websäit mat där Dir Iech mat den Zerwisser verbonnen hutt, asw.).
    • Gameplay Informatiounen: Mir späichere Spillinformatiounen, abegraff, ënner anerem, Äert Guthaben, Wetten, Bonussen, Spillsession Dauer an Är High Scoren. Mir kënnen dës Informatioun och op enger vun eise Plattformen deelen a verëffentlechen.
    • Apparats- a Verbindungsinformatiounen: Wann Dir d'Software op Ären Apparat gelueden hutt, kënne mir Informatioune vum spezifeschen Apparat sammelen, deen Dir benotzt, fir Sécherheets- a Bedruchserkennung a Präventiounszwecker. Zum Beispill kënne mir Informatiounen iwwer aner Software sammelen, déi gläichzäiteg mat der Software leeft fir z'entdecken, ob Dir Software benotzt, déi mat Bedruchsaktivitéite verbonnen ass (z. B. Roboteren, Malware, asw.) oder ob d'Verbindung, déi Dir benotzt iwwert e VPN oder Proxy leeft.
    • Analytik Informatiounen: Mir sammelen Informatiounen iwwer Är Benotzung vun den Zerwisser, sou wéi d'Notze vun Apps, Log Dateien, Benotzeraktivitéit (z. B. gekuckte Säiten, wéi vill Zäit op verschiddene Säite verbruecht gouf, Online Browsen, Klicks, Aktiounen, asw.), Zäitstempelen, Alarmer, asw. Dës Informatioune gi gesammelt fir ënenr anerem fir Fehler a Bugs ze behiewen, wéi och fir d'Recherche an Analytikzwecker iwwer Är Notzung vun den Zerwisser.
    • Anonym Informatiounen: Mir kënnen d'Informatiounen, déi vun den Zerwisser oder anere Mëttel gesammelt kënne ginn, anonymiséieren, sou datt d'Informatiounen eleng Iech net identifizéiere kann. Eis Notzung an d'Bereetstelle vun esou aggregéierten oder desidentifizéierten Informatiounen ënnerläit kenge Beschränkungen ënnert dëser Dateschutzriichtlinn, a mir kënnen se ouni Aschränkung a fir all Zweck un anerer weiderginn, wéi zum Beispill fir Reklamm oder Marketing Zwecker.

MANNERJÄREGER

D'Zerwisser sinn net fir Leit gemaach oder u Leit geriicht, déi ënner 18 Joer sinn oder Persounen ënner dem gesetzleche Mindestalter betreffend d'Notze vun den Zerwisser vun enger Geriichtsbarkeet, wéi een och méi héich ass ("Erwuessenalter"). Wann Dir net groussjäreg sidd, sollt Dir d'Zerwisser net eroflueden oder benotzen a keng perséinlech Informatiounen un eis weiderginn.

Mir behalen eis d'Recht fir op all perséinlech Informatiounen, déi mir vun Iech gesammelt hunn zouzegräifen an se z'iwwerpréiwen. Am Fall wou mir gewuer ginn, datt e Benotzer, deen net groussjäreg ass, Informatioune mat eis gedeelt huet, wäerte mir esou Informatiounen sträichen. Wann Dir e Grond hutt unzehuelen, datt e Mannerjäregen Informatioune mat eis gedeelt huet, kontaktéiert eis w.e.g..

WÉI BENOTZE MIR DÉI GESAMMELT INFORMATIOUNEN?

Mir benotzen Är perséinlech Informatioune fir folgend Zwecker:

  • Fir Äre Kont opzemaachen, ze verwalten an z'aktualiséieren;
  • Fir d'Zerwisser (wéi zum Beispill Wetten a Bezuelvirgäng) unzebidden an auszeféieren.
  • Fir mat Iech ze kommunizéieren an Iech iwwer eis lescht Aktualiséierungen un eisen Zerwisser a speziell Offeren z'informéieren;
  • Fir eis Zerwisser ze vermaarten (gesitt méi ënnert "Marketing"), sou wéi Iech Reklammen unzebidden, Verhalensreklammen abegraft;
  • Fir analytesch, statistesch a Fuerschungszwecker auszeféieren, fir d'Zerwisser fir Äere Bedarf an Interessen ze verbesseren (sou wéi andeems aggregéiert Rapporten iwwert d'Notze vu gewësse Features vun eisen Zerwisser zesummegedroe ginn);
  • Fir Customer Relationship Management Zwecker a fir d'Zerwisser z'ënnerstëtzen a Léisungen ze fannen a fir op Är Ufroen z'äntweren;
  • Fir eis z'erméiglechen eis weiderz'entwéckelen, eis unzepassen an eis Zerwisser ze verbesseren op Basis vun de gemeinsame Präferenzen an Notzungen;
  • Fir Iech e verantwortungsvolle Spillmilieu unzebidden;
  • Fir mat Iech ze kommunizéieren an all Är Ufroen ze veraarbechte fir Är Benotzerrechter auszeüben;
  • Fir Ären Zougang op gewësse Funktioune vun den Zerwisser z'identifizéieren an ze authentifizéieren;
  • Fir Bedruchs- an illegal Aktivitéit oder all aner Zort vun Aktivitéit ze detektéieren an ze verhënneren, déi d'Integritéit vun den Zerwisser gefäerden oder negativ beaflosse kéint, an och andeems Risiken, déi mat Ärer Aktivitéit op eisen Zerwisser verbonne sinn, identifizéiert kënne ginn abegraff;
  • Fir Verstéiss géint eis Riichtlinn an eise Benotzervertrag ze hannerfroen souwéi och fir eis Riichtlinnen an de Benotzervertrag ze verstäerken;
  • Fir Streitfäll a Verbindung mat der Benotzung vun den Zerwisser z'ënnersichen an ze léisen; an
  • Wéi gesetzlech virgeschriwwen (souwéi an den Know Your Client ("KYC") an den Anti-Money Laundering Virschrëften), oder wéi vun anere Regierungsbehörde gefuerdert, oder fir enger Convocatioun oder enger ähnlecher juristescher Prozedur nozekommen oder op eng Regierungsufro ze reagéieren.

MARKETING

De Grupp wäert Är perséinlwch Informatiounen benotze wéi zB. Ären Numm, d'Wunnadress, d'E-Mailadress, d'Telefonsnummer asw., selwer oder andeems eis Drëtt Partei SubKontraktoren fir den Zweck fir Iech mat Promotiounsmaterial betreffend d'Zerwisser sou wéi och d'Produkter, d'Websäiten an d'Apps déi betreffend: (i) aner Firmen an der Grupp; (ii) White Label Brands; oder (iii) Geschäftspartner vun Entreprisen a Filialen (kollektiv: "Marketing Affiliates"), déi mir mengen, datt si Iech interesséiere kéinten, ze versuergen.

Mir kënnen och perséinlech Informatioune mat eise Marketing-Affiliates deelen aa weidergi fir datt Dir verschidde Marketingoffere kritt, déi mir, oder eis Marketing-Affiliates, fir Iech relevant halen. Eis Marketing Affiliates kënnen dës Perséinlech Informatioune fir verschidde Marketingtechnike benotzen, souwéi direkten E-Mail, Post, SMS an Telefonsmarketingzwecker.

Dir kënnt Är Marketingpräferenzen zu all Zäit duerch de Clientszerwiss aktualiséieren (wou verfügbar). Wann Dir wielt d'Software erofzelueden, entspriechend eisen Zerwisser, ka Benoriichtegungssoftware och op Ären Apparat erofgeluede ginn. Dëst erméiglecht eis Iech Benoriichtegungen un Iech iwwer eis Zerwisser direkt op Ären Apparat ze schécken, zB. fir Iech iwwer nei Funktiounen, Aktualiséierungen, Zerwisskommunikatiounen, Offeren a Reklammen z'informéieren.

Wann Dir esou Software erofluet, sidd Dir averstan Benoriichtegungen ze kréien. Wann Dir dës Benoriichtegunge léiwer net kréie wëllt, musst Dir de Benoriichtegungsprogramm vun Ärem Apparat manuell desinstalléieren (z. B. andeems Dir op "Wat as dat" Link op enger Benoriichtegungs klickt, an dann d''Wéi Läschen-Instruktiounen' befollegt, oder andeems Dir d'Desinstallatiounsinstruktioune fir déi zoutreffend "Astellungen" an "Benoriichtegungszenter" op Ärem Zougangsapparat befollegt).

Dir kënnt jidderzäit ofleenen, weider Marketing-Offere vun eis oder eise Business-Partner an affiliéierte Marketing-Entreprisen ze kréien, andeem Dir eis iwwer d'Live-Chat-Funktioun kontaktéiert. Och wann Dir Iech vun eiser Marketing-Mailing-Lëscht ofmellt, schécke mir Iech eventuell weider Updates a Benoriichtegungen, déi de Service betreffen.

MAT WIEM DEELE MIR D'INFORMATIOUNEN?

Mir verlounen, verkafen oder deelen Är perséinlech Informatiounen net mat Drëttpersounen ("Empfänger"), ausser wéi an dëser Dateschutzriichtlinn beschriwwen. D'perséinlech Informatioune ginn un Empfänger weiderginn nëmmen zu engem Ausmooss deen e spezifeschen Zweck erfuerdert, wéi an dëser Dateschutzriichtlinn festgeluecht.

Mir deele perséinlech Informatioune mat jidderengem vun den folgenden Empfänger:

  • White Label Brands, an all Ersatzdéngschtleeschter, deen d'White Label Brand engagéiere kënne fir fir d'White Label Brands (wann zoutreffend) ze schaffen abegraff;
  • Firmen bannent dem Grupp an aner zougehéiereg Firmen;
  • Subkontraktoren an Drëtt Partei Déngschtleeschter, wéi och hir Subkontraktoren, déi wéi zum Beispill (awer net begrenzt op) Cloud Computingfirmen, Marketing Partner, Identitéitsiwwerpréiwung a Bedruchspräventiounszerwisser, an aner Dateniwwerpréiwer abegraff;
  • Intelligenzbureauen;
  • Bezuel-Déngschtleeschter, Bezuelvermëttlungssystemer a Banken;
  • Fir d'Drëtt Parteien, déi Zerwisser ubidde betreffend de Virgang oder d'Promotioun vun der uwendbarer In House Brand oder de White Label Brands (wann zoutreffend);
  • Fir d'Drëtt Parteien, déi offline Veranstaltungen oder Turnéier organiséieren am Numm vun oder a Verbindung mat de Firmae bannent der Grupp;
  • Fir Hotel- a Fluchgesellschaften (souwéi am Kontext vun offline Veranstaltungen a Promotiounen);
  • Auditeuren, Kontraktoren oder Beroder vu jidd vun de Geschäftsvirgäng vum Grupp;
  • Fir d'Drëtt Parteien, déi betrügeresch oder illegal Aktivitéit ermëttelen, erkennen oder verhënneren (z.B. Regierungsbehörden, Police, Banken an aner Ermëttlungsorganisatiounen);
  • Genehmegungsbehörden, Regierungs- a Regulatiounsinstitutiounen, entspriechend de Gesetzer a Reglementer; an
  • Potenziell Keefer oder Investoren an jidd vun de Firmen bannent dem Grupp oder White Label Brand (wann zoutreffend), oder am Fall vun enger Konzernstransaktioun (z.B. Verkaf vun engem wesentlechen Deel vun eisem Geschäft, Fusioun, Reorganisatioun, Insolvenz, Konsolidéierung oder Verkaf vu Verméigen oder Transfert vum Oflaf dovun) a Relatioun mat jidd Firma am Grupp (an dësem Fall, iwwerhëlt déi kafend Firma oder Erwerber d'Rechter an d'Verflichtungen, wéi an dëser Dateschutzriichtlinn uginn).

Zousätzlech zu dësen Zwecker gelëscht an dëser Dateschutzriichtlinn, deele mir perséinlech Informatioune mat deenen Empfänger fir ee vun de folgenden Zwecker:

  • D'Späichere vun esou Informatiounen an eisem Numm, zum Beispill andeems mam Benotze vun de Cloud Computing Déngschtleeschtungsubidder;
  • D'Veraarbechte vun esou Informatioune fir eis bei eise Geschäftsvirgäng z'assistéieren (z.B. fir d'Bezuelen an Är Guthaben ze veraarbechten; ÄRen Zougang z'authentifizéieren, eis Ofleef ze kontrolléieren, Bedruch oder illegal Aktivitéit z'entdecken, asw.);
  • Fir Fuerschung, technesch Diagnostiken oder Analytik auszeféieren;
  • Kommunikatioun vun zilorientéierter Publizitéit, souwéi och fir Promotiouns- an Informatiounsmaterial, geméiss eiser Marketingpolitik (kuckt hei ënnen, ënner "Marketing"); an
  • Wann ëmmer mir u Guttgleewegkeet gleewen, datt d'Offeleeën néideg ass fir eis Rechter oder juristesch Kloen ze schützen, eis Riichtlinne verstäerken (eise Benotzervertrag an Dateschutzriichtlinn abegraff), Är Sécherheet oder d'Sécherheet vun anere schützen, sou wéi fir all Bedruch z'ënnersichen oder ze vermeiden, aus Sécherheetsgrënn oder fir eis mat all technesch bezunne Problemer ze hëllefen.

TRANSFERT VUN INFORMATIOUNEN

Well mir global aktiv sinn, kann et néideg si fir Är perséinlech Informatiounen a Länner ausserhalb der Europäescher Unioun ze transferéieren. Den Dateschutz an aner Gesetzer vun dësen Länner kënnen net sou ëmfaassend si wéi déi an der Europäescher Unioun.

Mir ënnerhuelen déi gréisst Beméiunge fir sécher ze stellen datt Är perséinlech Informatiounen iwwer eis Dateschutzriichtlinn geschützt sinn, duerch kontraktuell Mëttel (z. B. mam Benotze vun de vertraugleche Klauselen, déi vun den zoustännege Reguléierer fir Datentransfer genehmegt goufen) oder anere Mëttelen (sou wéi d'Versécheren, datt de Geriichtsstand adequat Sécherheet fir den Dateschutz imposéiert).

Wann Dir mengt, datt Är Privatsphär net am Sënn vun eise Grondsätz respektéiert gouf, oder wann iergendeng Persoun probéiert huet, d'Servicer ze mëssbrauchen oder op eng deplacéiert Manéier agéiert huet, kontaktéiert eis direkt iwwer d'Live-Chat-Funktioun.

DRËTT PARTEI TRACKINGSTECHNOLOGIEN

Wann Dir eis Zerwisser besicht oder drop zougräift (z.B. wann Dir eis Websäiten besicht), benotze mir (an autoriséieren Drëtt Parteien se ze benotzen) Web-Beaconen, Cookien, Pixelen, Skripter, Tags an aner Technologien ("Tracking Technologies").

D'Tracking Technologien erméiglechen eis automatesch Informatiounen iwwer Iech an Äert Online Verhalen ze sammelen, wéi och Ären Apparat (zum Beispill Äre Computer oder Handy), fir verschidden Zwecker, souwéi fir Är Navigatioun op eisen Zerwisser ze verbesseren, fir d'Leeschtung vun eisen Zerwisser an Är perséinlech Experienz op eisen Zerwisser ze verbesseren an ze personaliséieren. Mir benotzen dës Informatiounen och fir Statistiken iwwer d'Benotzung vun eisen Zerwisser ze sammelen, Analytik auszeféieren, Inhalter ze liwweren, déi op Är Interessen zougeschnidde sinn an Zerwisser ubidde fir eis Benotzer, Annonceuren, Verleeër, Clienten a Partner.

Mir erlaben och Drëtt Parteien Informatiounen iwwer Iech iwwer d'Tracking Technologien ze sammelen.Fir méi gewuer ze ginn, kuckt w.e.g. eisCookie Riichtlinn.

DRËTT PARTEI ZERWISSER

Mam Benotze vun den Zerwisser kënnt Dir Links op Websäite vun Drëtt Parteien, Zerwisser oder Apps begéinen. Denkt w.e.g. drun, datt dës Dateschutzriichtlinn net fir Drëtt Partei Websäiten, Zerwisser oder Applikatiounen gëllt, och wa se zougänglech, erofluedbar sinn oder anescht iwwer d'Zerwisser verdeelt ginn.

Bedenkt w.e.g. datt esou Websäiten, Zerwisser oder Applikatiounen vun Drëtt Parteien onofhängeg vum Grupp sinn. Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit oder Haftung betreffend d'Dateschutzmëttelen oder all aner juristesch Affäre betreffend esou Websäite vun Drëtt Parteien an/oder Zerwisser. Mir encouragéieren Iech d'Dateschutzriichtlinn an d'Notzungskonditioune vun esou Websäiten an/oder Zerwisser, well hir Bedéngungen, net eis, fir all Är Interaktiounen mat sou Drëtt Parteie gëllen.

Dir sollt ëmmer hir Dateschutzpraktike suergfälteg iwwerpréiwen, ier Dir Perséinlech Informatioune un esou Drëtt Parteie gitt.

Dir iwwerhuelt wëssentlech a fräiwëlleg all Risiken fir d'Benotze vu Websäiten, Zerwisser oder Applikatiounen vun Drëtt Parteien. Dir sidd domat averstan, datt mir guer keng Haftung iwwerhuele betreffend esou Websäite vun Drëtt Parteien an Är Benotzung vun hinnen..

ZERÉCKHALE VU PERSÉINLECHEN INFORMATIONEN

Wann Dir Iech mat engem Kont iwwer Zerwisser registréiert hutt, behält de Grupp Är perséinlech Informatiounen während der Dauer déi Äre Kont aktiv ass. Zousätzlech wäert de Grupp Är perséinlech Date fir zousätzlech Zäitdauere behalen, fir dem Grupp z'erméigleche seng legal Verflichtungen ënnert den uwendbare Gesetzer oder Reglementer nozekommen, souwéi déi gëlteg Spillreglementer, Know-Your-Client oder Anti-Money Laundering Reglementer.

Zousätzlech kann de Grupp Är perséinlech Informatioune fir méi laang Zäitdauere behalen, virausgesat datt et néideg ass fir esou Informatiounen zréckzebehale fir déi legitim Interesse vum Grupp, wéi d'Préventioun vu Bedruch an Opzeechnungen.

Wann Dir aus iergendengem Grond wëllt, datt Är perséinlech Informatiounen geläscht ginn, schéckt eis w.e.g. eng E-Mail op [email protected], a mir maachen alles wat eis méiglech ass fir Ärer Ufro nozekommen.

ÄR RECHTER

Dir kënnt eis zu jidder Zäit per E-Mail kontaktéieren, an ufroen:

  1. Fir Zougang zu perséinlechen Informatiouns Iech betreffend ze kréien oder se ze läschen
  2. Fir Är Perséinlech Informatiounen Iech betreffend z'änneren oder z'aktualiséieren (zum Beispill, wann Dir mengt datt Är perséinlech Informatioune falsch sinn, da kënnt Dir froe fir se ze verbesseren oder se ze läschen). Bedenkt datt Dir och ufroe kënnt, datt mir Feelere verbessere betreffend Är perséinlech Informatiounen (ausser a Fäll wou d'Informatiounen noutwenneg si fir am urspréngleche Format ënnert all uwendbare Gesetzer a Reglementer gehal musse ginn);
  3. Datt mir all weidert Notze vun Äre perséinlechen Informatioune aschränken oder domat ophalen;
  4. Datt mir d'perséinlech Informatiounen, déi Dir eis fräiwëlleg an engem maschinneliesbare Format ginn hutt, virleeën.

Beuecht w.e.g. datt dës Rechter net onageschränkt sinn an Ufroe de gesetzlechen Bestëmmungen ënnerleien, de SPillreglementer an anere legalen an ethesche Rapport- oder Dokumentzréckhalungsverflichtungen abegraff. Mir kënnen och onvollstänneg oder inakkurat Informatioune verbesseren, ergänzen oder läschen, jidderzäit an no eisem fräien Ermiessen, laut eisen interne Riichtlinnen.

WÉI MIR ÄR INFORMATIOUNE GESCHÜTZT HALEN

Mir këmmeren eis immens ëm d'Emsetzen an d'Erhale vun der Sécherheet vun den Zerwisser a vun Ären Informatiounen. Mir hunn adequat physesch an technologesch Ofsécherungen agesat fir onautoriséierten Zougrëff ze vermeiden, fir d'Datesécherung z'erhalen a fir d'Informatiounen, déi mir online sammelen, korrekt ze benotzen. Dës Ofsécherunge variéieren op Grond vun der Sensibilitéit vun der Informatioun, déi mir sammelen a späicheren.

Mir benotze Industrie-Standardprozeduren a Kontrolle fir d'Sécherheet vun den Informatioune vun eise Benotzer ze versécheren, souwéi:

  • Sécher Netzwierktopologie, déi Intrusioune verhënneren a Firewallsystemer enthalen;
  • Verschlësselt Kommunikatioun;
  • Authentifizéierung an Zougangskontroll;
  • Extern an intern Audittester; asw.

Obwuel mir vernünfteg Schrëtt fir d'Informatiounsofsécherung ënnerhuelen, kënne mir net responsabel gemaach gi fir Akte vun deenen, déi net-autoriséierten Zougang zu den Zerwisser kréien oder se mëssbrauchen, a mir gi keng Garantie, ausdrécklech, implizit oder anescht, datt mir esou en Zougang verhënneren wäerten.

ÄNNERUNGEN ZU DER DATESCHUTZRIICHTLINN

Mir behalen eis d'Recht vir dës Dateschutzpolitik zu jidderzäit z'änneren, also kommt w.e.g. dës Säit vun Zäit zu Zäit kucken. Mir informéieren Iech iwwer wesentlech Ännerungen vun dëser Dateschutzriichtlinn iwwer d'Zerwisser an/oder mir schécken Iech en E-Mail betreffend esou Ännerungen op d'E-Mail Adress, déi Dir eis fräiwëlleg uginn hutt. Esou wesentlech Ännerunge gëllen no siwen (7) Deeg nodeems esou eng Benoriichtegung iwwer eng vun den uewe genannte Methoden verschéckt gouf. Anersäits gëllen all aner Verännerunge an dëser Dateschutzriichtlinn vum "Lescht Aktualiséiert" Datum un, an Är weider Notzung vun den Zerwisser no der Verëffentlechung vum Leschte Aktualiséiert Datum bedeit Äert Unhuelen, an datt Dir averstane sidd mat dësen Ännerungen.

WÉI DIR EIS KONTAKTÉIERE KËNNT

Wann Dir generell Froen iwwer de Service oder d'Informatiounen, déi mir iwwer Iech erfaassen, oder d'Manéier, wéi mir dës benotzen, hutt, kontaktéiert eis iwwer eis Live-Chat-Funktioun oder eis "Kontaktéiert eis"-Säit.

Mir beméien eis fir sou séier wéi méiglech z'äntweren. Zéckt net fir Iech zu jidderzäit bei eis ze mellen. Wann Dir mat eiser Äntwert onzefridde sidd, kënnt Dir Iech un déi uwendbar Dateschutziwwerwaachungsautoritéit wenden.

CITYVIEW COOKIE RIICHTLINN

Iwwerschafft de 17.01.2022

ALEEDUNG

Wann Dir eis Zerwisser besicht oder drop zougräift (souwéi Websäiten oder Applikatiounen, déi vun eis bedriwwe ginn, oder wann Dir mat eisem Inhalt interagéiert oder Iech engagéiert), benotzt mir ( a mir autoriséieren Drëtt Parteien se ze benotzen) Web-Beaconen, Cookien, Pixel-Tags, Skripter, API an aner Verfolgungsmethoden ("Tracking Technologies").

D'Tracking Technologien erméiglechen eis automatesch Informatiounen iwwer Iech an Äert Online Verhalen ze sammelen, wéi och Ären Apparat (zum Beispill Äre Computer oder Handy), fir verschidden Zwecker, souwéi fir Är Navigatioun op eisen Zerwisser ze verbesseren, fir d'Leeschtung vun eisen Zerwisser an Är Experienz op eisen Zerwisser ze verbesseren an ze personaliséieren. Mir benotzen dës Informatiounen och fir Statistiken iwwer d'Benotzung vun eisen Zerwisser ze sammelen, Analytik auszeféieren, Inhalter ze liwweren, déi op Är Interessen zougeschnidde sinn an Zerwisser ubidde fir eis Benotzer, Annonceuren, Verleeër, Clienten a Partner.

Mir erlaben och Drëtt Parteien Informatiounen iwwer Iech iwwer d'Tracking Technologien ze sammelen.

Wat si Cookien?

Cookië si kleng Textdateien (nëmmen aus Buschstawen an Zuelen zesummegesat), déi ee Webserver op Ärem Computer oder Handy platzéiert wann Dir eng Websäit besicht. Wa benotzt, kann de Cookie hëllefen eis Zerwisser méi benotzerfrëndlech ze maachen, zum Beispill andeems Är Sproochpreferenzen an Astellunge verhale ginn. Dir fannt méi Informatioun iwwer Cookien op www.allaboutcookies.org.

Cookie gi wäit verbreet benotzt fir datt Websäiten op eng effizient Manéier schaffe kënnen. D'Benotze vu Cookië erlaabt Iech tëschent Säiten effizient ze navigéieren. Cookië erënnere sech un Är Preferenzen, a maachen d'Interaktioun tëschent Iech an den Zerwisser méi geschmeideg a méi effizient. Cookie ginn och benotzt fir ze hëllefen, datt d'Annoncen, déi Dir online gesitt relevant fir Iech an Är Interesse sinn.

Späicher Tracking Technologien

Mir späicheren Tracking Technologien, wann Dir eis Zerwisser besicht oder drop zougräift (z.B. wann Dir eis Websäite besicht) - dës ginn "First Party Tracking Technologien" genannt. Zousätzlech ginn Tracking Technologie gespäicher vun aneren Drëtt Parteien (z. B. eisen Analytik Service Ubidder, Geschäftspartner an Annonceuren), déi Inhalter op eisen Zerwisser lafen hunn - dës ginn "Drëtt Partei Tracking Technologien" genannt.

Béid Zorte vun Tracking Technologie kënnen entweder fir d'Dauer vun Ärem Besuch bei eisen Zerwisser oder fir widderholl Besicher gespäichert ginn.

Wéi eng Zorten Tracking Technologie benotze mir?

Et gi fënnef Haaptzorte vun Tracking-Technologien:

  • Strikt noutwenneg Tracking Technologien
    Dës Tracking Technologie sinn essentiel fir Iech z'erlaben Iech anzeloggen, ze navigéieren an d'Features vun eisen Zerwisser ze benotzen, oder fir en Zerwiss ze kréien, deen Dir ugefrot hutt (z. B. Äre Benotzernumm). Mir brauchen Är Zoustëmmung net ze kréie fir dës Tracking Technologien ze benotzen. Dës Tracking Technologie kënne benotzt ginn aus Sécherheets- an Integritéitsgrënn - zum Beispill fir Verstéiss géint eis Riichtlinnen z'entdecken a fir d'Ënnerstëtzungs- oder d'Sécherheetsfunktiounen.
  • Funktionalitéit Tracking Technologien
    Dës Tracking Technologien erlaben eisen Zerwisser Choixen ze verhalen, déi Dir maacht (souwéi Är Sprooch) a verbessert a personaliséiert Funktiounen unzebidden. Zum Beispill ginn dës Tracking Technologies benotzt fir d'Authentifizéierung (fir ze verhale wéini Dir Iech aloggt) an aner Funktiounen vun eisen Zerwisser z'ënnerstëtzen.
  • Leeschtungs-Tracking Technologien
    Dës Tracking Technologien sammelen Informatiounen iwwer Är Online Aktivitéit (zum Beispill d'Dauer vun Ärem Besuch op eisen Zerwisser), Verhalensdaten an Inhaltagrëffsmetrik abegraff. Dës Tracking Technologie gi benotzt fir Analytik, Recherche a fir Statistik en auszeféieren (baséiert op ugesammelten Informatiounen).
  • Marketing oder Reklamm-Tracking Technologien
    Dës Tracking-Technologies gi benotzt fir Iech moossgeschneidert Offeren a Publicitéit, baséiert op Ären ofgeleeten Interessen, unzebidden an E-Mail-Marketing-Campagnen auszeféieren. Si kënnen och benotzt gi fir d'Unzuel ze limitéieren, wéi oft Dir eng Publicitéit gesitt, awer och fir d'Effizienz vun der Reklamme-Campagne ze moossen. Si ginn normalerweis vun eisen Annonceurë placéiert (zum Beispill Reklammennetzwierker) a liwweren hinnen Ablécker iwwer d'Leit, déi hir Publicitéite gesinn an dermat interagéiren, hire Websitte besichen oder hir App benotzen. ° Eise Website enthält sozial Netzwierk-Funktiounen wéi d'Facebook-Knäppercher "Like" oder "Deelen". Dës Funktioune ginn entweeder vun enger drëtter Partei oder direkt op eise Servicer gehost. Är Interaktioune mat dëse Funktiounen ënnerleien der Dateschutzerklärung vun der Firma, déi dës Funktiounen ubitt.
Tracking Technologies Zort Zweck
Analytik Cookie First Party Tracking Technology Performance Tracking Technologien

Dës Tracking Technologie gi benotzt fir Informatiounen ze sammelen wéi Dir mam Inhalt op eisen Zerwisser interagéiert, fir Attributiounszwecker (zum Beispill d'Referenz-URL), asw. Mir benotzen d'Informatioun fir Berichter z'erstellen, d'Akommes duerch eis ze berechnen an, fir eis ze hëllefen d'Zerwisser ze verbesseren a personaliséiert Produkter an Inhalter unzebidden.
Aner Cookien First an Drëtt Partei Tracking Technology Strikt noutwendeg Tracking Technologien

Dës ongelëscht Cookië kënnen op den interne Beräicher vun den Zerwisser benotzt ginn, fir d'Usererfahrung op der Säit ze personaliséieren an ze vereinfachen, andeems Är Choixen, déi Dir gemaach hutt, an Är Zougangsdate verhale ginn.

Wéi Dir Är Cookie-Astellunge verwalt

Beuecht wgl. datt mir automatiséiert Browser-Signaler, déi Tracking-Technologie betreffen net erkennen an net dorop reagéieren, "Do Not Track"-Ufroen abegraff. Et ginn allerdéngs verschidde Méiglechkeeten, wéi Dir Är Cookie-Astellunge verwalten a steiere kënnt. Denkt wgl. dorun, datt andeems Dir Cookië läscht oder blockéiert, eventuell e puer Funktioune vun de Service net richteg oder net esou effizient funktionéieren. Wann Dir Är Preferenzen zu iergendengem Ament wëllt aktualiséieren, klickt hei.

  • Cookien iwwert Äre Browser ausschalten
    Déi meescht Webbrowser bidden Iech e puer allgemeng Informatiounen iwwer Cookien, erméiglechen Iech ze gesinn, wéi eng Cookien op Ärem Apparat gespäichert sinn, erméiglechen Iech se all oder op enger individueller Basis ze läschen a Cookie fir all Websäiten oder individuell ausgewielte Websäiten ze blockéieren oder z'erlaben. Dir kënnt normalerweis och Drëtt Partiei Cookie separat ausschalten. Beuecht w.e.g. datt d'Astellungen vun engem Browser oder Apparat oft nëmme fir deee besonnesche Browser oder Apparat zoutreffen.
  • Informatiounen iwwer Cookie fënnt een normalerweis an der Rubrik "Hëllef" vum Webbrowser. Hei ënne fannt Dir e puer Links fir e puer allgemeng Webbrowseren:
  • D'Drëtt Partei Cookien ausschalten
    Dir kënnt gewëssen Drëtt Partei / Reklamme-Cookien ausschalten andeems Dir de folgende Link besicht: Network Advertising Initiative.